Sport-Geriichtshaff zu LausanneCAS hieft Spär op: Manchester City duerf awer Champions League spillen

RTL Lëtzebuerg
De Sport-Geriichtshaff zu Lausanne an der Schwäiz huet e Méindeg iwwert d'Spär fir Manchester City an der Champions League tranchéiert.
© AFP

Wéinst dem sougenannte Financial Fair-Play hat eng Kontrollinstanz vun der UEFA Manchester City am Februar fir 2 Joer vun den europäesche Kompetitiounen ausgeschloss. Déi Strof gouf awer elo vum Tribunal Arbitral du Sport zu Lausanne opgehuewen.

Manchester City war virgehäit ginn, vun arabeschen Investore Suen op dubiéis Aart a Weis kritt gehat ze hunn.

Back to Top
CIM LOGO