US OpenCasper Ruud bei de Männer a Caroline Garcia bei den Dammen an der 1/2-Finall

RTL Lëtzebuerg
Bei de US Open am Tennis steet den Norweger Casper Ruud als éischten Halleffinallist fest, no enger 3-Saz-Victoire géint de Italiener Matteo Berettini.

Um Mëttwoch de Moien eiser Zäit konnt sech de Russ Khachanov a 5 Sätz géint den Australier Kyrgios duerchsetzen, dat mat 7:5, 4:6, 7:5, 6:7 a 6:4.

De Khachanov trëfft elo op de Ruud an der Halleffinall.

Bei den Damme steet d’Franséisin Caroline Garcia ënnert de leschte 4. Si huet d’US-Amerikanerin Cory Gauff an 2 Sätz eliminéiert, grad wéi d’Tunesierin Ons Jabeur, no der Victoire géint d’Australierin Ajla Tomljanovic.

Caroline Garcia
Caroline Garcia
© AFP

Back to Top
CIM LOGO