Duerch d'Victoire géint Dikrech huet de Stater Veräin de Sak fréizäiteg zougemaach.
Fréizäiteg konnt sech de Racing fir déi éischte Kéier de Championstitel bei den Damme sécheren. Mat 8:1 konnt de Stater Veräin sech géint Dikrech duerchsetzen an huet elo 8 Punkte Virsprong op Beetebuerg bei 2 Matcher déi nach ze spille sinn.