Champions LeagueChelsea behaapt sech an der Finall géint Manchester City

RTL Lëtzebuerg
De Gol vum Havertz ass um Enn duergaangen, fir de Blues no 2012 den zweeten Champions-League-Titel an der Veräinsgeschicht ze sécheren.
© AFP

E Samschdeg den Owend stoung zu Porto déi englesch Finall an der Champions League tëscht Manchester City an dem FC Chelsea um Programm. Um Enn konnt sech Chelsea duerch e Gol vum Havertz kuerz virun der Paus mat 1:0 géint ManCity behaapten an esou fir d’zweete Kéier an der Veräinsgeschicht d’Champions League gewannen.

Déi 16.500 Spectateuren am Estadio do Dragão hunn eng Ufanksphas gesinn, an där Chelsea sech vun Ufank un engagéiert gewisen huet. No 10 Minutten hat de Werner eng éischte Kéier d’Chance op d’Féierung um Fouss leien, ma den däitschen Nationalspiller huet aus 6 Meter de Ball net richteg getraff. Och an den nächste Minutte sinn d’Blues ëmmer nees geféierlech ginn, Manchester City war dogéint e bëssen ze passiv am Spill no vir. Kuerz virun der Paus ass eng gutt Phas vun Chelsea dann och mat engem Gol belount ginn. No engem Zouspill vum Mount konnt den Havertz de Ball laanscht de Golkipp setzen a sou ongestéiert an de fräie Gol schéissen.

Den 1:0 fir Chelsea duerch den Havertz
Kuerz virun der Paus ass Chelsea a Féierung gaangen.

Mat enger verdéngter 1:0-Féierung ass et fir Chelsea dann och an d’Paus gaangen.

Déi bescht Zeenen aus der 1. Hallschent
No 45 Minutten ass Chelsea mat enger 1:0-Féierung an d’Paus gaangen.

Am zweeten Duerchgang huet d’Ekipp vum Pep Guardiola gedréckt, ma d’Blues stoungen hannen disziplinéiert an hu selwer op Konterchancë gewaart. Mam ville Ballbesëtz konnt City net sou richteg eppes ufänken a sou hu si sech immens schwéier gedoen, eng gutt Golchance erauszespillen. Ronn 20 Minutte viru Schluss hat de Kanté dann no engem gutt ausgespillte Konter d’Méiglechkeet, op 2:0 ze erhéijen, ma säi Schoss huet de Gol knapps verfeelt.

Manchester City ass lues a lues d’Zäit fortgelaf an och d’Awiesslung vum Aguero huet näischt méi bruecht. Um Enn wënnt Chelsea d’Finall mat 1:0 a séchert sech domat den zweeten Titel an der Champions League.

Déi bescht Zeenen aus der 2. Hallschent.
Am zweeten Duerchgang ass et Manchester City net gelongen de Match ze dréinen.

Back to Top
CIM LOGO