Internationale FuttballChelsea klappt Manchester United a steet an der Finall vum FA Cup

RTL Lëtzebuerg
Mat enger 3:1-Victoire géint Manchester United ka sech Chelsea fir d'Finall vum FA Cup qualifizéieren a spillt do géint Arsenal London.
© AFP (archiv)

FA Cup

Manchester United - Chelsea 1:3 (0:1)
0:1 Giroud (45.+9.’), 0:2 Mount (46.’), 0:3 Maguire (74.’, Eegegol), 1:3 Bruno Fernandes (85.’, Eelefmeter)

Opgrond vun enger laanger Behandlungspaus vum Bailly nodeems dësem mam Maguire mam Kapp zesummegeknuppt ass, gouf dësen mat der Brëtsch vum Terrain gedroen an an d’Spidol bruecht. Dës huet och eng laang Nospillzäit mat sech bruecht an an dëse konnt Chelsea nach mat 1:0 a Féierung wéi den Azpilicueta de Ball flaach vu riets an d’Mëtt ginn huet an do huet de Giroud aus 5 Meter de Ball an de Gol geschoss.

Direkt no der Paus konnt Chelsea duerch de Mount op 2:0 stellen. Aus 18 Meter hunn den englesche Nationalspiller ofgezunn an den De Gea huet de Ball duerch d’Fangere rutsche gelooss. Deen hätt de Spuenesche Golkipper missen halen. An der 74. Minutt konnt Chelsea dunn de Sack zou maachen wéi de Maguire de Ball no enger flaacher Flank onglécklech an den eegene Gol deviéiert huet. No 85 Minutten ass Manchester United duerch en Eelefmeter vum Bruno Fernandes nach den 1:3 gelongen mee dëse Gol koum ze spéit a konnten de Match dermadder net méi dréinen.

Premier League

Tottenham Hotspur - Leicester 3:0 (3:0)
1:0 Son (6.’), 2:0 Kane (37.’), 3:0 Kane (40.’)

Schonn no den éischte 45 Minutten hat Tottenham de Match géint Leicester entscheet duerch Goler vum Son an 2x Kane. Dëst ass e Réckschlag fir Leicester an der Lutte ëm d’Champions League wëll wa Manchester säi nächste Match wënnt da si se just nach 5ten. Fir Tottenham dogéint war dëst eng wichteg Victoire an der Lutte ëm d’Europa League.

Bournemouth - Southampton 0:2 (0:1)
0:1 Ings (41.’), Adams (90.+8.’)

Mat 0:2 verléiert Bournemouth doheem géint Southampton an domadder stinn d’Chancen fir si sech an der Premier League ze halen ganz schlecht bei just nach 1 Match ze spillen a bei 3 Punkte Réckstand op déi 17. Plaz.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

La Liga

Alaves - Barcelona 0:5
0:1 Ansu Fati (24.’), 0:2 Messi (34.’), 0:3 Suarez (44.’), 0:4 Nelson Semedo (57.’), 0:5 Messi (75.’)

Am leschte Match vun der Saison an der La Liga huet Barcelona nach eng kéier gezaubert. Mat 5:0 konnten se géint Alaves gewannen a schléissen d’Saison domadder op der 2. Plaz of. Mat 21 Virlagen an enger Saison huet de Messi e neie Rekord an der La Liga opgestallt.

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO