
An deem Kader sinn déi Lëtzebuerger Tennisspiller den Ament zu Hong Kong. Hei konnt de Chris Rodesch seng aktuell gutt Form ënner Beweis stellen. Hie wënnt den M25-Torunoi, dee mat 25.000 Dollar dotéiert ass.
An der Finall huet hie sech mat 7:5 a 6:4 géint d’Nummer 334 op der Welt Alexey Zakharov behaapt.