Roland-GarrosChris Rodesch kennt säi Géigner an der Qualifikatioun

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg fänkt d'Qualifikatioun fir Roland-Garros un. Fir de Lëtzebuerger ass et déi éischt Participatioun bei engem Grand Slam.
© Roland Miny (Archiv)

Fir de Chris Rodesch ass et e spezielle Moment. De Lëtzebuerger trëtt spillt entweeder en Dënschdeg oder e Mëttwoch eng éischt Kéier bei enger Qualifikatioun fir e Grand Slam un. Duerch seng gutt Prestatiounen an de leschte Méint an der Victoire vum ATP-Challenger-Turnéier zu Tallahassee huet hie sech an den Tablo vun de Qualifikante fir eent vun de véier groussen Tennisturnéiere gespillt.

De Rodesch kritt et am éischten Tour vum zweete Grand Slam vum Joer mam Fransous Ugo Blanchet, der Nummer 186 op der Welt, ze dinn. De Lëtzebuerger ass den 178.

Back to Top
CIM LOGO