
Am Tennis steet de Chris Rodesch um ATP Challenger Tournoi zu Bratislava am zweeten Tour. De Lëtzebuerger huet en Dënschdeg an 2 Sätz mat 6:4 a 6:4 géint d’Nummer 82 op der Welt, de Chileen Alejandro Tabilo, gewonnen.
E Mëttwoch kritt hien et um 18.00 Auer mam US-Amerikaner Mackenzie McDonald, der Nummer 108 op der Welt, ze dinn.