ITF-Tennis-Tournoi zu EschChris Rodesch verpasst d'Finall

RTL Lëtzebuerg
De Lëtzebuerger huet sech an der Halleffinall géint den Norweger Nicolai Budkov Kjaer misse geschloe ginn.
De Lëtzebuerger 2024 am Asaz fir d'Lëtzebuerger Davis-Cup-Ekipp
De Lëtzebuerger 2024 am Asaz fir d’Lëtzebuerger Davis-Cup-Ekipp
© RAUL ARBOLEDA AFP (Archiv)

De Chris Rodesch gouf e Samschdeg den Owend beim ITF-Tennis-Tournoi zu Esch an den Halleffinallen eliminéiert. De Lëtzebuerger huet sech missen an zwee Sätz mat 6:7 (3:6) a 5:7 géint den Nicolai Budkov Kjaer geschloe ginn. Den Norweger hat d’lescht Joer Wimbledon bei de Juniore gewonnen.

E Sonndeg kritt de Budkov Kjaer et an der Finall mam Schwed Mikael Ymer ze dinn.

Fir de Chris Rodesch war den ITF-Tournoi zu Esch eng Preparatioun op den David Cup. Ufank Februar spillt déi Lëtzebuerger Tennis-Davis-Cup-Ekipp heiheem géint Litauen. Um Spill steet den Opstig an de Weltgrupp I. D’Partië ginn den 1. an 2. Februar am Gymnase vun der Coque gespillt a live op RTL iwwerdroen.

Back to Top
CIM LOGO