Et war jo gewosst, datt de President vun der Sportspress Petz Lahure no iwwer 27 Joer net méi géif kandidéieren. Seng Nofollgerin ass d’Christelle Diederich. D’Journalistin vum Tageblatt war déi eenzeg Kandidatin.
De Petz Lahure ass vun elo un Éierepresident vun der Lëtzebuerger Sportspress. Nei am Comité ass eisen RTL-Kolleeg Serge Olmo. 7 nei Membere goufe vun der Sportspress opgeholl.