Handball-NationalekippChristian Bock spréngt fir de blesséierte Léi Biel an

RTL Lëtzebuerg
Den Escher Spiller hat sech jo eigentlech schonns aus der Nationalekipp zeréckgezunn, ma elo spréngt hien awer fir de blesséierte Bierchemer an.
© pressphoto Archiv

Nodeems de Bierchemer Lé Biel sech e Freideg beim 1. Preparatiounsmatch vun der Handball-Nationalekipp géint d’USA schro un der Schëller blesséiert huet, gouf elo de Christian Bock vum Handball Esch nonominéiert.

De fréiere Kapitän vun der National-Selektioun hat sech déi lescht Saison aus der Nationalekipp zréckgezunn, hat awer deemools duerchblécke gelooss, datt hie géif asprangen, wann hie gebraucht géif ginn.

Back to Top
CIM LOGO