Futtball-EMChristian Eriksen kritt Defibrillator agesat

RTL Lëtzebuerg
Dat huet den dänesche Futtballverband matgedeelt. Donieft ass eng besonnesch Aktioun fir den Dän geplangt ginn.

Nom Häerzstëllstand vum Dän Christian Eriksen bei der Futtball-EM am Match tëscht Dänemark a Finnland gouf entscheet, datt dem Mëttelfeldspiller een Defibrillator agesat gëtt.

“No verschiddenen Analyse vum Häerz vum Christian gouf decidéiert, datt him een Defibrillator implantéiert gëtt”, dat huet den dänesche Verband (DBU) matgedeelt. Esou een Apparat géif “no engem Häerzinfarkt opgrond vu Rhythmusstéierunge gebraucht ginn”.

D’Asetze vun engem sougenannten ICD wär vun nationalen an internationalen Experten als Behandlungsmethod virgeschloe ginn. Den Eriksen wär domadder averstanen, heescht et an der Erklärung vum dänesche Verband weider.

En Donneschdeg gouf et beim EM-Match tëscht Dänemark an der Belsch zu Kopenhagen dann och eng besonnesch Aktioun zu Éiere vum Futtballer.

“Mir wäerten de Ball an den Aus schéissen, fir de Match kuerz ze ënnerbriechen”, dat huet de belsche Stiermer Romelu Lukaku e Mëttwochowend matgedeelt. An deem Ament, dee fir déi 10. Minutt geplangt ass, sollen d’Fans an d’Spiller am Stadion eng Minutt laang fir den Eriksen applaudéieren. Virum Match gouf och e groussen Triko vum Eriksen um Terrain presentéiert.

News, Statistiken, Radio-Reportagen, Pronostickespill, Quiz, ...

Back to Top
CIM LOGO