Schlecht NouvelleChristopher Martins feelt an der EM-Qualifikatioun wéinst enger Blessur

RTL Lëtzebuerg
Hien gëtt elo bei de Roude Léiwen duerch den Aurélien Joachim ersat.
© pressphoto Archiv

Keng gutt Nouvelle fir déi Lëtzebuerger Futtballnationalekipp virum Frëndschaftslännermatch en Donneschdeg an Nordirland a virum Europameeschterschaftsqualifikatiounsmatch am Stade Josy Barthel géint Serbien.

De Christopher Martins ass zanter e puer Deeg blesséiert an kann deemno net spillen. De Profi vum Schwäizer Champion Young Boys Bern war an den éischte Championnatsmatcher dacks de beschte Mann vu senger Ekipp.

Back to Top
CIM LOGO