
De Christopher Martins stoung an der Schwäiz mat de Young Boys Bern an der Finall vum Swiss Cup dem FC Basel géigeniwwer. Direkt no 5 Minutte krut de “Kiki” eng giel Kaart. Kuerz virun der Hallschent huet du Basel den 1:0 markéiert. Nom Téi war dem Lëtzebuerger seng Ekipp awer méi aktiv, an huet an der 50. Minutt den 1:1 markéiert. An der 66. Minutt ass de Christopher Martins dunn ausgewiesselt ginn a konnt vun der Bänk aus nokucken, wéi säin Team-Kolleeg Spielmann an der 89. den 2:1 fir Bern geschoss huet. Bern ass domat Cup-Gewënner an der Schwäiz.
An der Proximus League an der Belsch stoung den Anthony Moris beim 0:0-Remis géint Westerlo déi 90 Minutten am Gol vu St. Gilloise.
A Schwede stoung de Match Orebro géint Norrköping mam Lars Gerson um Spillplang. An der Hallschent stoung et tëscht béiden Ekippen 2:2. An der 70. Minutt ass de Lars Gerson dunn an de Match komm. Laang stoung et 3:3, éier Orebro an der 3 Minutt vun der Nospillzäit den entscheedende 4. Gol geschoss huet. Batter Néierlag deemno fir de Lëtzebuerger a seng Ekipp.
An der Ligue 1 hat Metz Besuch vum Nico Kovac a dem AS Monaco. De Laurent Jans souz bei der 0:1-Defaite 90 Minutten op der Bänk. De Vincent Thill war um Sonndeg net am Kader vum FC Metz. Den entscheedende Gol vum Dag huet de Badiashile fir Monegassen an der 22. Minutt geschoss.
De Resumé vum Match bei de Kolleege vum 5minutesAn der russescher Premier League hat den FK Ufa, bei deenen den Olivier Thill fir d’éischt huet missen op der Bänk Plaz huelen, Dynamo Moskau op Besuch. Kuerz virun der Paus huet den N’Jie fir d’Gäscht den 1:0 geschoss. Nodeems den Zhamaletdinov fir d’Lokalekipp an der 59. Minutt den 1:1 markéiert huet, ass 3 Minutte méi spéit den Olivier Thill agewiesselt ginn. Um Enn hu sech béid Ekippe mam 1:1 missen zefridde ginn.
An der amerikanescher MLS war de Maxime Chanot mat New York City am Asaz. Um Enn huet ee sech mat 3:1 géint Chicago Fire duerchgesat. De Lëtzebuerger Nationalspiller huet déi 90 Minutten duerchgespillt. Fir de Chanot geet et elo net zeréck op Lëtzebuerg, säi Veräin huet him keng gréng Luucht fir d’Nationalekipp ginn.