Europa LeagueChristopher Martins mat Young Boys Bern an der Gruppephas

RTL Lëtzebuerg
De Lëtzebuerger stoung awer bei de Schwäizer net am Kader, well hien aktuell Problemer mat den Adduktoren huet.
© Archiv

D’Young Boys Bern hate géint den KF Tirana aus Albanien däitlech d’Nues vir. Eleng an der éischter Hallschent hate si 63 Prozent Ballbesëtz a 15 zu 2 Ofschlëss. Et war dunn awer eréischt kuerz virun der Paus, an der 42. Minutt, wéi de Fassnacht no enger Virlag vum Ngamaelu d’Heemekipp a Féierung konnt bréngen. Kuerz no der Paus huet den Nsamé op 2:0 erhéicht, d’Virbereedung koum nees vum Ngamaelu. 12 Minutte méi spéit war et nees den Nsamé, deen dëst d’Kéier eng Virlag vum Fastnacht ausnotze konnt an den 3:0 geschoss huet. An der 67. Minutt ass et du vu Tirana nach méi schwéier ginn, wéi den Torassa seng zweet giel Kaart gewise krut an esou vum Terrain gestallt gouf.

Et sollt beim 3:0 bleiwen, esou datt dës Saison och e Lëtzebuerger Nationalspiller wäert an der Europa League mat dobäi sinn.

Eng kleng Iwwerraschung gouf et dogéint zu Athen. Hei konnt sech den AEK mat 2:1 géint de VFL Wolfsburg duerchsetzen. D’Gäscht waren nach duerch de Mehmedi an der Nopsillzäit vun der éischter Hallschent a Féierung gaangen, ma de Simoes konnt an der 64. Minutt ausgläichen an den Ansarifard huet an der Nospillzäit vun der zweeter Hallschent den decisive Gol geschoss.

All déi aner Resultater am Iwwerbléck

Back to Top
CIM LOGO