
Dat finnescht Levi war d’Statioun fir den éischte Slalom vun der Saison am Schi Alpin.
De Fransous Clément Noël war a béiden Duerchgäng de Séiersten a stoung soumat verdéngt ganz uewen um Podium. Den Norweeger Henrik Kristoffersen, deen nom éischten Duerchgang just op Plaz 9 louch, huet sech mat engem fulminanten zweete Laf, deen och de séierste war, nach op déi zweet Plaz (+ 0,8) no vir geschafft.
De Schwäizer Loïc Meillard huet mat engem Retard vun 0,95 Sekonnen de Podium komplettéiert. De Lucas Braathen, de fréieren Norweeger an Nei-Brasilianer, gouf op en Neits 4., virum Tanguy Nef aus der Schwäiz.
De Marcel Hirscher, deen no 5 Joer Abstinenz nees um Parcours dobäi ass, huet et net bis an den zweeten Duerchgang gepackt.