
Dat war virun dräi Joer. Haut - um Méindeg - huet de 27 Joer ale Kanadier säi Comeback mat enger olympescher Goldmedaile gekréint.
Nëmmen e puer Wochen nodeems de Knuet eng éischte Kéier opgefall war - an 10 Méint no senger zweet Placéierung bei den Olympesche Spiller 2018 zu Pyeongchang - gouf beim Max Parrot en Hodgkin-Lymphom diagnostizéiert. Ma och wann hien natierlech vill Angscht hat, stoung fir hien “ni zur Debatt”, datt de Kriibs géint hie gewanne géing. Esou huet hie bannent sechs Méint ganzer 12 Chemotherapien hannert sech bruecht.
Fir de Sportler, deen zanter sengem 9. Liewensjoer um Briet steet, war et déi éischte Kéier, dass hien de Snowboard an de Schaf gestallt hat - hien hätt sech gefillt ewéi “e Léiw am Käfeg”. A fir en Athlet vu sengem Kaliber - et war säi 15. Titel bei Olympesche Spiller, am Weltcup a bei den X-Wanterspiller - bedeit de Retour op d’Briet méi wéi nëmmen einfach Faarten. Beim gréisste Concours vum Sport op enger vun de gréisste Strecken, déi de Snowboarder gesinn huet, huet de Max Parrot gewisen, dat hien et mat de Beschten ophuele kann.
E grandiosen zweete Laf e Méindeg am Genting Snow Park huet dann dofir gesuergt, dass de Slopestyler an Zukunft keng Méi dierft hunn, “de ganzen Dag ze laachen”, wéi hie sech et fir säi Comeback virgeholl hat.
Um Podium stoung hien da mat sengem drëttplacéierten Teamkolleeg McMorris Aarm an Aarm ze laachen. Och den 28 Joer ale Mark McMorris huet eng beweegend Geschicht hannert sech. Ronn ee Joer virun de Wanterspiller zu Pyeongchang huet e schwéiert Trainingsaccident seng Karriär a Fro gestallt. Duerch eng Chute hat hien Dosende Schankebréch an de lénkse Longeflillek war kollabéiert. Ma schonn am Februar 2018 war him mat enger zweeter olympescher Bronzemedail e sportlecht Wonner gelongen, an elo huet hien nogeluecht.