NFL- Wild Card RoundCommanders iwwerrasche Buccaneers, Bills iwwerrenne Broncos

Kevin Kayser
Vun e Samschdeg den Owend un an nach bis an d'Nuecht op en Dënschdeg goufen am American Football déi éischt Playoff-Matcher gespillt.
© Photo by ELSA / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP

Wärend déi zwou beschtplacéiert Ekippen aus der NFC (Lions) an der AFC (Chiefs) spillfräi waren, hu sech déi 12 aner Ekippen ëm d’Weiderkommen an de Playoffs gestridden.

AFC

Den Optakt vun de Playoffs hunn e Samschdeg den Owend d’Chargers bei den Texans gemaach. Wärend d’Chargers gutt an d’Partie koumen a laang 6:0 vir waren, ass den Texans eréischt vum Enn vun der éischter Hallschent wierklech eppes gelongen. Zu deem Zäitpunkt u konnte si hirer Defense Merci soen, datt si net nach méi wäit hanne waren. Wéi si awer bis déi éischt Punkten op d’Tafel bruecht hunn, hu si de Match dominéiert a wannen dann och zum Schluss kloer a verdéngt 32:12.

Och d’Steelers hate géint d’Ravens e Match, fir ze vergiessen. Wärend Baltimore 21:0 an der Paus vir war, konnt d’Ekipp aus Pittsburgh no der Paus e bësse bäikommen. Op 14:28 konnte si verkierzen a bei deem Resultat sollt et och bleiwen. Well am leschte Véierel konnt keng vun den Ekippen nach e Punkt maachen.

Bleiwe mer bei klore Resultater: D’Denver Broncos hate géint d’Buffalo Bills wéineg ze mellen. Dobäi waren d’Broncos nach mat hirem éischten Drive bis an d’Endzon komm an ware 7:0 an Avantage gaangen. Dono awer hate si der Defense vun de Bills näischt méi dogéintzesetzen an d’Bills hunn 31 Punkte markéiert, ouni datt d’Broncos och nëmmen nach eng Kéier wierklech geféierlech goufen. Esou ass d’Partie 31:7 fir d’Favoritten ausgaangen.

D’Chiefs kréien et dann elo mat der Ekipp, déi am schlechtste placéiert war, ze dinn. Si treffen doheem op d’Texans. D’Ravens dogéint musse sech op d’Rees bei d’Bills maachen.

NFC

Och an der NFC gouf et zwou Partien, déi kloer ausgaange sinn. Dat enk Kéier tëscht de Greenbay Packers an de Philadelphia Eagles. D’Eagles waren doheem schonn 10:0 an der Paus am Avantage a konnten hire Virsprong am drëtte Véierel nach op 16:3 ausbauen. De leschte Quarter konnte sech d’Packers mat 7:6 sécheren, wat awer d'22:10-Victoire vun den Eagles ni a Gefor bruecht huet.

Eng méi enk Partie hat ee sech wuel tëscht de Vikings an de Rams erwaart. Ëmmerhin haten d’Vikings an der Saison ganzer 14 Matcher gewonnen an d’Rams der 10. Ma de Vikings, déi schonn de leschte Weekend ouni Chance géint d’Lions waren, ass och dëse Weekend am Ugrëff wéineg gelongen: Ee Fieldgoal an een Touchdown ginn eben net duer, fir eng Partie an de Playoffs ze gewannen. Grad wann d’Offensiv vun de Rams 27 Punkten op d’Tafel bréngt an an der Paus scho 24:3 vir war. Um Enn wannen d’Rams, déi hiren Heemmatch op Glendale wéinst de Bëschbränn ëm Los Angeles misste verleeën, kloer mat 27:9 géint d’Vikings.

Déi eenzeg enk Partie an der Wild Card Round gouf et tëscht de Washington Commanders an den Tampa Bay Buccaneers. Béid Ekippe ware mol vir a mol hannen, ma keng konnt sech wierklech ofsetzen. Grad de leschte Véierel hat et do a sech. D’Commanders si beim véierte Versuch, wou sech nach just dräi Yards ze maachen haten, kuerz virun der Endzon op Risiko gaangen a goufen net belount. D’Bucs kruten de Ball, hunn en awer nees no e puer Yards weider wéinst engem Fumble verluer. Dëst Kéier hunn d’Commanders profitéiert a konnten 20:17 an Avantage goen. D’Bucs koumen nees op 20:20 bäi, ma hunn der Ekipp aus der US-Haaptstad genuch Zäit gelooss, nach eng Kéier e Fieldgoal ze schéissen. De Kicker vun de Commanders hat mat der leschter Aktioun de Potto getraff an d’Ee konnt sech awer nach nach déi richteg Richtung dréinen, fir déi dräi Punkten ze maachen. “Potto-Gol” géif een am Futtball soen. Esou wannen d’Commanders a leschter Sekonn mat 23:20 zu Tampa.

An der nächste Ronn treffen d’Commanders domadder op d’Lions, déi jo spillfräi waren. D’Rams musse bei den Eagles untrieden.

Back to Top
CIM LOGO