
Mä d’Course um Matterhorn huet um Samschdeg awer misse kuerzfristeg ofgesot ginn, well net genuch Schnéi louch an d’Sécherheet um Gletscher net konnt garantéiert ginn. Am leschten Deel hat et virdru staark gereent. Et misst een zouginn, datt d’Natur ëmmer méi staark ass wéi de Mënsch, sot ee vun den Organisateuren vun der geplangter Weltcup-Descente, déi den nächste Weekend gefuer sollt ginn.
An der Ski-Zeen hat d’Course schonn am Virfeld fir Diskussiounen a massiv Kritik gesuergt, besonnesch wéinst dem fréien Datum. Ee Mount éischter wéi soss.
Zu Zermatt war d’Null-Grad-Grenz am Summer op iwwer 5.100 Meter eropgaangen. Vill Gletscherspalte louche fräi an de Skibetrib huet misse gestoppt ginn. Et hofft een elo op d’mannst d’Dammecourssen an zwou Wochen organiséieren ze kënnen.