RekordCristiano Ronaldo: 50 Goler an England, Spuenien an Italien

RTL Lëtzebuerg
Bei der 2-1 Victoire géint d'Lazio huet de Ronaldo 2 Mol agenetzt an domadder elo an Italien, England a Spuenien op d'mannst 50 Goler geschoss.

Rekorder ze briechen ass ëmmer wichteg, gewannen ass awer méi wichteg”, sou den 35 Joer ale Spiller.

De Ronaldo huet fir Manchester United an der Premier League 84 Goler geschoss vun 2003 bis 2009. Fir de Real Madrid an der spuenescher La Liga, wou hien vun 2009 bis 2018 gespillt huet, waren et der am ganzen 311. An der Serie A huet hien an 61 Matcher elo 50 Goler fir d’Ekipp vum Juventus Turin geschoss. Hien ass deen éischte Futtballspiller, deen dat fäerdeg bruecht huet.

Juventus kann en Donneschdeg Champion ginn, wa si géint Udinese gewannen.

Back to Top
CIM LOGO