
Den Dado Grgic, deen als Spiller och Experiencen an der Champions League sammele konnt, steet fir d’Saison 2021/22 un der Säitelinn vum HB Esch. Den 43 Joer alen Ex-Profi vun Dinamo Zagreb war bis dës Saison nach Trainer vun der U19 an der U23 zu Saarlouis a léist elo den André Gulbicki bei den Escher of. De Kontrakt leeft iwwert ee Joer, mat der Optioun op ee weidert Joer ze verlängeren.