
Atalanta konnt sech um Sonndeg nees op déi 3. Tabelleplaz an der Serie A no vir schaffen.
Real Madrid konnt sech trotz enger fréier rouder Kaart fir den Mbappé zu Alaves duerchsetzen.
Liverpool huet duerch de Succès géint West Ham de Virsprong an der Tabell op 13 Punkten ausgebaut.
Stuttgart - Bremen 1:2
1:0 Stergiou (19'), 1:1 Burke (32'), 1:2 Burke (90')
An enger intensiver Partie mat ville Méiglechkeeten op béide Säiten huet sech Bremen mat 2:1 zu Stuttgart behaapt. Et hat fir d’Heemekipp awer gutt ugefaangen an et war ee mat 1:0 a Féierung gaangen. De Burke konnt virun der Paus awer ausgläichen. De Woltemade huet seng Ekipp an der 65. Minutt awer geschwächt, e gouf mat giel-rout vum Terrain gesat. D’Gäscht waren an Iwwerzuel an de Burke huet mat sengem 2. Gol kuerz viru Schluss déi 3 Punkte fir Bremen geséchert.
Frankfurt - Heidenheim 3:0
1:0 Bahoya (10'), 2:0 Koch (42'), 3:0 Ekitiké (71')
E souveräne Succès gouf et fir Frankfurt géint Heidenheim. Bahoya a Koch hate fir eng komfortabel 2:0-Féierung gesuergt. No der Paus huet den Ekitiké fir d’Virentscheedung gesuergt. An der Tabell bleift d’Toppmöller-Ekipp op der 3. Plaz.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
Liverpool - West Ham 2:1
1:0 Diaz (18'), 1:1 Robertson (86', Selbstgol), 2:1 van Dijk (89')
Liverpool war an der 1. Hallschent iwwerleeën an ass verdéngt mat enger 1:0-Féierung an d’Paus gaangen. Nom Téi war et awer en anert Bild a West Ham war elo méi staark. An enger wëller Schlussphas hunn d’Gäscht fir d’éischt ausgeglach. De van Dijk huet awer kuerz drop den 2:1 fir seng Faarwe markéiert. Duerch den 1:1 vun Arsenal um Samschdeg huet Liverpool d’Avance un der Tabellespëtzt op 13 Punkten ausgebaut.
Newcastle - Manchester United 4:1
1:0 Tonali (24'), 1:1 Garnacho (37'), 2:1 Barnes (49'), 3:1 Barnes (64'), 4:1 Guimaraes (77')
Eng däitlech Néierlag gouf et fir ManU zu Newcastle. An der 1. Hallschent war d’Partie nach ausgeglach. An der 2. Hallschent ass bei de Gäscht näischt méi zesummegelaf. Newcastle huet dovu profitéiert a sollt um Enn 4:1 gewannen.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Atalanta - Bologna 2:0
1:0 Retegui (3'), 2:0 Pasalic (21')
Am Spëtzematch huet Atalanta séier gewisen, wien Här am eegenen Haus ass. Duerch Goler vu Retegui a Pasalic stoung et no 21 Minutten 2:0. Bologna huet zwar dogéint gehalen, de Réckstand konnt bis zum Schluss awer net méi opgeholl ginn. Atalanta steet nees op der 3. Plaz an der Tabell, Bologna hält sech nach an den Top 6.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Alaves - Real Madrid 0:1
0:1 Camavinga (34')
Real ass gutt an de Match komm a war dem Géigner iwwerleeën. De Camavinga huet an der 34. Minutt fir den 1:0 gesuergt. Kuerz drop krut den Mbappé awer déi rout Kaart gewisen. Alaves huet dovun awer net profitéiert. D’Heemekipp krut an der 70. Minutt och e Spiller vum Terrain gesat. Um Enn sollt kee Gol méi falen. Real Madrid bleift an der Tabell 4 Punkten hannert Barcelona.
LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga
Benfica - Arouca 2:2
1:0 Kökcu (60'), 1:1 Yalcin (72', Eelefmeter), 2:1 Pavlidis (79'), 2:2 Weverson (90+5')
D’Heemekipp war de ganze Match iwwerleeën, et huet awer bis an déi 60. Minutt gedauert, éier den éischte Gol gefall ass. Op der anerer Säit hunn d’Gäscht awer duerch en Eelefmeter aus dem Näischt ausgeglach. De Favorit konnt awer 7 Minutte méi spéit nees a Féierung goen. An der Nospillzäit koum et knëppeldéck fir d’Heemekipp. Dem Weverson ass nach den 2:2 gelongen. An der Tabell ass elo nees Sporting op der 1. Plaz, punktgläich mat Benfica. De Leandro Barreiro gouf kuerz viru Schluss agewiesselt.