No KriibserkrankungDäitschen Äishockeynationalspiller Tobias Eder am Alter vu 26 Joer gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
Dat huet säi Veräin, Eisbären Berlin, e Mëttwoch offiziell matgedeelt. Den Tobias Eder ass deemno u "Komplikatioune vun enger Kriibserkrankung" gestuerwen.
© SID/IMAGO/Andrzej Iwanczuk

Schonn en Dënschdeg hat de Club bei der däitscher Äishockeyliga ugefrot, datt dee fir e Mëttwochowend geplangte Match géint den ERC Ingolstadt verluecht gëtt, dat wéinst dem Eder sengem “kritesch verschlechterte Gesondheetszoustand”.

Den Tobias Eder huet zanter 2023 fir d’Eisbären Berlin gespillt an zanter 2021 och fir déi däitsch Nationalekipp. Zejoert stoung hien och am WM-Kader. Am August 2024 gouf bei him e béisaartegen Tumor entdeckt.

Back to Top
CIM LOGO