Feier a Münchener ArenaDäitschen EM-Optakt géint Frankräich net a Gefor

RTL Lëtzebuerg
Trotz engem Brand am Münchener Stadion kann de Match vun der däitscher Futtballnationalekipp en Dënschdeg géint Frankräich gespillt ginn.

“Op Récksprooch mat de Responsabele vun der Allianz Arena gëtt et keng Auswierkungen op de kommende Spilldag vun der Europameeschterschaft”, heescht et vu München.

E Méindeg de Moie fréi war e Feier an enger Verdeelerkëscht ausgebrach, um 4.48 Auer gouf den Alarm ausgeléist. Wéi d’Pompjeeën op der Plaz waren, hu si eng staark Dampentwécklung an engem Technikraum festgestallt. D’Feier gouf mat engem CO2-Läscher ausgemaach, zousätzlech gouf bis 8 Auer alles duerchgelëft.

De Schued kann elo nach net chiffréiert ginn. duerch dat séiert Agräife konnt Schlëmmeres verhënnert ginn.

Virfall wärend EM-Match England-Kroatien

E Spectateur gouf e Sonndeg schwéier blesséiert, wéi en am Wembley-Stadion zu London wéi e kuerz nom Upaff vun enger Tribün op d’Etage drënner gefall ass. No enger medezinescher Éischtversuergung koum de Mann schro verwonnt an e Spidol. Säin Zoustand wier kritesch.

D’Uefa wëll e Virfall ënnersichen.

News, Statistiken, Radio-Reportagen, Pronostickespill, Quiz, ...

Stëmmt mat of

Back to Top
CIM LOGO