
Nodeems d’Virronn nach an Däitschland, Georgien, Italien an Tschechien gespillt gouf, ginn d’Finalronnen alleguerten zu Berlin gespillt.
Um Samschdeg war zu Berlin dann och d’Lokalekipp géint Montenegro gefuerdert. Dennis Schröder a Co. hunn den Drock beim Heemspill Stand gehalen an hu mat 85 zu 79 géint Montenegro d’Iwwerhand behalen. Frankräich konnt sech iwwerdeems an engem ganz spannendem Match no Verlängerung mat 87:86 géint Tierkei duerchsetzen. Slowenien huet mat 88:72 géint d’Belsch gewonnen a Spuenien klappt Litauen no Verlängerung mat 102:94.
Um Sonndeg stoungen du weider Matcher um Rendez-vous. Den Optakt huet d’Ukrain géint Polen gemaach. Hei konnte sech d’Pole mat 94:86 behaapten; Géigner an der nächster Ronn ass elo Slowenien. Finnland klappt Kroatien mat 94:86 a spillt elo géint Spuenien an der 1/4-Finall. Um Owend huet dunn nach Serbien iwwerraschend mat 86:94 de Kierzere géint Italien gezunn. D’Italieener spillen elo géint Frankräich. Als lescht Ekipp huet Griichenland den Ticket fir déi nächst Ronn geléist. An engem enke Match huet ee sech mat 94:88 géint Tschechien behaapt. Nächste Géigner ass Däitschland.
D’Véierelsfinalle ginn den 13. a 14. September gespillt. D’Finall ass den 18 September.
Däitschland - Griicheland
Frankräich - Italien
Slowenien - Polen
Spuenien - Finnland