Nations LeagueDäitschland wënnt an der Ukrain, Spuenien klappt d'Schwäiz

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg war den Optakt vum 3. Spilldag an der Nations League.

Nodeems Lëtzebuerg an der Liga C schonn e Samschdeg am Nomëtteg mat 2:0 géint Zypern gewonnen huet, gouf e Samschdeg den Owend nach an der Liga A an an der Liga D gespillt.

Liga A

Spuenien - Schwäiz 1:0
1:0 Oyarzabal (14')

Den éischten an eenzege Gol vum Match ass duerch e Feeler vun der schwäizer Ekipp entstanen. Wéi den Xhaka bei engem Zouspill vum Golkipp gerutscht ass, ass de Merino un de Ball komm, deen dann den Oyarzabal zervéiert huet. Den 23-Joer-ale Spuenier hat da keng Problemer méi de Ball hannert d’Linn ze drécken a sou stoung et 1:0 fir d’Haushären. Am weidere Spillverlaf huet Spuenien net vill zougelooss a konnt d’Féierung bis an d’Paus bréngen.

Am zweeten Duerchgang huet sech d’Schwäiz da méi no vir beméit, wat awer net vu Succès war. D’Spuenier haten d’Kontroll a wannen zum Schluss net spektakulär, ma verdéngt mat 1:0 géint d’Ekipp aus der Schwäiz

Ukrain - Däitschland 1:2
0:1 Ginter (20'), 0:2 Goretzka (49'), 1:2 Malinovskyi (76')

Däitschland hat de Match an der éischter Hallschent ënner Kontroll. All ze laang huet et och net gedauert bis d’Féierung fir d’Gäscht gefall ass. No engem Zouspill vum Rüdiguer huet de Ball mat e bësse Gléck de Wee bis bei de Ginter fonnt, deen um zweete Potto richteg stoung an op 1:0 gestallt huet. Mat enger verdéngter Féierung ass et fir Däitschland an d’Paus gaangen.

D’Ukrain war virun allem am offensive Beräich net geféierlech genuch fir d’Chance op den Ausgläich ze hunn. Nodeems de Golkipp kuerz nom Säitewiessel de Ball no enger Flank net festhale konnt, war de Goretzka op der Plaz an huet sou op 2:0 fir Däitschland erhéicht. Ronn 15 Minutte viru Schluss kruten d’Haushären dann nach en Eelefmeter zougesprach, deen de Malinovskyi och eragemaach huet, ma sou richteg spannend ass et bis zum Schluss net méi ginn. Däitschland hat alles ënner Kontroll a wënnt um en Enn fir déi éischte kéier iwwerhaapt an der Nations League.

Liga D

Färöer Inselen - Lettland 1:1
1:0 Faerö (28'), 1:1 Ikaunieks (25')

Liechtenstein - Gibraltar 0:1
0:1 De Barr (10')

Andorra - Malta 0:0

Den Iwwerbléck mat de Resultater

Fir weider Detailer an d’Tabelle klickt hei.

Back to Top
CIM LOGO