BasketballDammefinall Walfer-Diddeleng, Relegatioun Conter-Munneref

RTL Lëtzebuerg
Walfer an Diddeleng hunn hiren zweete Match gewonnen a stinn an der Finall. Bei den Häre spillt Conter géint Munneref an der Relegatioun.
© AFP-Archiv

Bei den Damme waren et déi zweet Matcher vun der Halleffinall an der Best-of-Three-Serie.

Am éischte Match vum Owend huet sech Walfer mat 70:62 (16:17, 18:16, 18:19, 10:18) am Derby zu Steesel duerchgesat. D’Residence huet de Match iwwer 40 Minutte kontrolléiert an der Amicale keng Chance gelooss d’Resultat vum éischte Match (91:76) erëm gutt ze maachen. Déi dräi éischt Véierel waren ausgeglach, mol war déi eng Ekipp vir, dann nees déi aner. Am leschte Véierel huet d’Amicale net méi vill Punkte markéiert, wouduerch de Wee an d’Finall fir d’Residence op war. Op der Säit vu Walfer huet d’Kierra Anthony mat 23 Punkten erausgestach, fir Steesel huet d’Julie Mangen déi meescht Punkte markéiert (21 Punkten).

Steesel - Walfer
Walfer huet sech am Derby mat 70:62 zu Steesel duerchgesat.

Am Conter Centre sportif hunn déi Diddelengerinnen direkt am éischte Véierel gewisen, dass si keen drëtte Match wëlle spillen an hu sech en Ecart vun 13 Punkten erausgespillt. Deen Ecart hu si och am zweeten an drëtte Véierel net ofginn. Am leschte Véierel konnt Conter sech nach eng Kéier eruschaffen, mee um Schluss sollt et net duer goen. Den T71 setzt sech mat 78:70 (11:24, 17:17, 22:22, 20:15) duerch a steet no der zweeter Victoire géint den AB Conter an der Finall vum Championnat. Den éischte Match hat Diddeleng mat 74:68 gewonnen. Déi meescht Punkten hunn d’Bridget Herlihy (28 Punkten) fir Conter an d’Laina Snyder (24) fir Diddeleng markéiert.

Hären

Bei den Hären decidéiert sech e Sonndeg wéi eng Ekipp et nieft Steesel an d’Finall packt. Esch spillt géint Diddeleng.

Playdown

Am Playdown waren d’Decisioune scho virum leschte Spilldag gefall. D’Musel Pikes bleiwen an der LBBL, de Racing an den Telstar steigen of. Am direkten Duell vun den Ofsteiger huet sech de Racing mat 86:102 géint den Telstar vun Hesper geschloe musse ginn. Conter huet sech fir den decisive Match waarm gespillt an d’Musel Pikes mat 78:74 heemgeschéckt.

Conter trëfft am decisive Match op Avanti Munneref, déi sech duerch eng 79:69-Victoire zu Mamer fir de Relegatiounsmatch qualifizéiert hunn.

Back to Top
CIM LOGO