FIP Euro Padel CupDammen an Häre verléieren och um 2. Spilldag

RTL Lëtzebuerg
Och um zweete Spilldag sollt et net fir eng Victoire duergoen. D'Damme vun der FLT sinn domat eliminéiert.
© FLT/Laure Felgen

Am Grupp D bei de Männer gouf et fir Lëtzebuerg eng 0:3-Defaite géint Finnland. De Clement Pelt an den Elie-Noé Nicolay hu géint den Duo Joa Takala/Axel Waris mat 3:6 an 0:6 verluer. An de Matcher Tom Maquel/Alex Marinov géint Saska Huttunen/Pyry Hyrkkönen an Ahmed Youssef/Médéric Thill géint Janne Wuorinen/Henrik Aarno stoung et um Enn jeeweils 1:6 an 2:6. En Donneschdeg ass am leschte Gruppematch Andorra de Géigner.

D’Lëtzebuerger Dammen hunn e Mëttwoch och hir zweet Renconter am Grupp A mat 0:3 géint d’Ukrain verluer. D’Claudine Schaul an d’Céline François hu mat 1:6 an 0:6 géint d’Olena Kyrpot an d’Tetyana Dychka de Kierzere gezunn. D’Jo Weisen an d’Natasha Feidt si mat 2:6, 1:6 géint d’Alina Yeroshenko an d’Yuliya Lysa ënnerleeën, wärend d’Arianna Ceccaroni an d’Walquiria Bley mat 6:1, 4:6 an 2:6 géint d’Yuliia Lyndina an d’Bozhena Berezhniak verluer hunn. Fir d’FLT-Dammen ass d’EM eriwwer.

D’Resultater an de Live-Score vum FIP Euro Padel Cup HEI.

Back to Top
CIM LOGO