Däitsche FuttballDanel Sinani spillt nächst Saison net méi beim FC St. Pauli

RTL Lëtzebuerg
Aus dem internationale Futtball ass et d‘Nouvelle datt den Danel Sinani déi nächst Saison net wäert fir St. Pauli spillen.
© CHRISTIAN CHARISIUS DPA DPA PICTURE-ALLIANCE VIA AFP 14092025

De Veräin vun Hamburg ass jo an déi zweet Liga ofgestigen. Dem Sinani säi Kontrakt leeft Enn Juni aus. De Sportchef Andreas Bornemann sot, datt hien kee Spiller kéint zwéngen, fir St. Pauli ze spillen, deen net wierklech iwwerzeegt wier, dat wëllen ze maachen, schreift de Kicker.

De Lëtzebuerger Nationalspiller huet des Saison fënnef Bundesliga-Goler geschoss an der dräi virbereet.

Rezent gouf et Rumeuren an Däitschland, datt Schalke 04 un him interesséiert wier.

Back to Top
CIM LOGO