Optakt Handball-WeltmeeschterschaftDänemark a Frankräich d'Favoritten, sou fréiere Profi Tommy Wirtz

Franky Hippert
Op der Handball-Weltmeeschterschaft vun den Hären gëtt vun en Dënschdeg u bis den 2. Februar den Nofollger vun Dänemark gesicht
© RTL Archivbild

Oder kënnen d’Däne selwer eng 4. Kéier hannerteneen de WM-Titel gewannen? Déi 29. Weltmeeschterschaft ass an Norwegen, Dänemark an Kroatien. De Franky Hippert huet beim fréiere Lëtzebuerger Handballprofi Tommy Wirtz nogefrot, wien hien als Favorit op dëser WM gesäit:

32 Ekippe streide sech ëm de WM-Titel

Lass geet et mat de Matcher an der Virronn, do ginn et 8 Gruppe mat allkéiers 4 Natiounen. Duerno geet et dann an der Haaptronn weider, ier d’Véierelsfinallen den 28. Januar ufänken. D’Finall ass den 2. Februar zu Oslo an Norwegen. Den Tommy Wirtz geet dovun aus, datt déi zwou Ekippen, déi virun zwee Joer an der leschter Ronn géintenee gespillt hunn, och dës Kéier nees wäit kommen.

“Dänemark a Frankräich wäerte souwisou ëmmer zu de Favoritte gehéieren. Ech gesi lo, wann ech lo déi lescht grouss Turnéier gesinn, gesinn ech d’Dänen nach e bësse méi staark. Dat heescht, ech tippe lo mol ganz einfach, dass d’Dänen elo ganz kloer de Favorit sinn. Mee voilà, et ass eng WM, et weess een net, wat ëmmer elo ka geschéien. D’Fransousen ass och e bëssen eng Tournéierekipp.”

Allgemeng stellt een awer schonn en Niveausënnerscheed tëscht enger Weltmeeschterschaft an enger Europameeschterschaft fest, seet de fréiere Lëtzebuerger Handballprofi aus der zweeter Bundesliga.

“Eng WM ass am Handball vläicht net esou attraktiv wéi eng EM, well den Niveau vun der EM ass méi staark wéi dee vun enger WM. Dat fannen ech elo perséinlech. Voilà, dofir dat och vun der Mediepresenz hier och dann eng aner Geschicht.”

De Palmaré vun eise franséischen Noperen ass schonn impressionnant: 6 Weltmeeschtertitelen, dat ass Rekord, 3 Mol d’Goldmedail bei Olympia a 4 Europameeschtertitelen, dee leschten zejoert. Do kann ee sech schonn d’Fro stellen, wéi d’Fransousen dat maachen.

“D’Fransouse bréngen et fäerdeg, Karabatić an deemools sou en Narcisse, Fernandez an esou weider...ehm, do taucht op eemol e Jonken aus iergendengem centre de formation op, deen da kierperlech respektiv vum Talent hier mega krass ass. An dat ass dat, wat d’Fransousen ëmmer hikréien. Déi hunn ëmmer eng Jugend oder potenziell Leit, déi do eropkommen, déi ëmmer wierklech richteg gutt sinn. Déi hunn awer och ëmmer nach ëmmer déi Haapt an déi groussen Nimm, déi ëmmer dobäi sinn. Dat heescht, déi hunn ëmmer sou eng gutt Mëschung.”

Vill Lëtzebuerger Handballsupporter geheien och ëmmer e Bléck déisäits der Musel. Et gëtt jo och gesot, datt déi éischt däitsch Handballbundesliga dee stäerkste Championnat op der Welt ass. Fir de WM-Titel dierft et awer méi schwiereg ginn, fir Yuri Knorr a Co., seet den Tommy Wirtz:

“Also, eis däitsch Nopere wäert ech och ganz genee kucken, well ech hunn do e Kolleeg, deen do matspillt, mat deem ech och zwee Joer zesumme gespillt hunn. Dat heescht, et gëtt do interessant. Bei den Däitschen ass et esou, dass déi Däitsch ëmmer fir eng Iwwerraschung parat sinn. Si sinn awer elo, wann ech elo mat deene groussen Natioune vergläiche wéi Frankräich an Dänemark, si se awer nach e Krack hannendrunner. Do feelt hinnen dann och, dat ass jo och elo mol dee Kader, wou ech en elo mol gesinn hunn, feelt hinnen dann och e bëssen d’ Erfarung.”

Dem Tommy Wirtz säi Kolleeg op der Weltmeeschterschaft ass den 21 Joer alen däitschen Nationalspiller Marco Grgic, dee bis virun 3 Joer nach zu Saarlouis war an elo bei Eisenach an der éischter Bundesliga spillt.

De Match Frankräich-Qatar leeft ënnert anerem op Eurosport. D’Partie vun eisen däitschen Nopere sinn op ARD respektiv ZDF ze gesinn.

Back to Top
CIM LOGO