
De gebiertege Lëtzebuerger Dany Mota, dee seng Carrière zu Péiteng ugefaangen huet, ass vu Virtus Entella aus der Serie B bei d’U23 vu Juventus Turin gewiesselt.
Iwwerdeems huet sech den 21 Joer ale Mëttelstiermer mat duebeler Nationalitéit nach net entscheet, ob hien den Trikot vun de Roude Léiwen undoen oder weiderhin op ee Ruff vun der portugisescher Nationalekipp waarde wëllt.