
Déi meescht User vum RTL.lu tippen, datt Frankräich sech nom Weltmeeschtertitel och den Europameeschtertitel wäert sécheren. 22 % vun de Stëmme sinn op de Kont vun de Fransouse gaangen. Net wäit hannendru allerdéngs läit eisen aneren Noper d’Belsch an dat mat 21 % vun de Stëmmen.
Italien kënnt an der Ëmfro op 17 %, Däitschland op 11 % an England a Portugal op 8 %.
Wie sech um Enn den Titel bei der paneuropäescher Futtball-EM ka sécheren, dat gi mir den 11. Juli an der Finall gewuer.
