BGL LigueDavid Vandenbroeck wiesselt vun Déifferdeng op Wolz

RTL Lëtzebuerg
Den FC Wolz 71 verstäerkt sech mat engem weidere bekannte Gesiicht aus dem Lëtzebuerger Futtball.
© Val Wagner

Den Opsteiger an d’iewescht Divisioun huet d’Engagement vum David Vandenbroeck matgedeelt. De 34 Joer alen Defenseur, dee laang Joren an der Belsch Profi war, stoung déi lescht 4 Saisone beim FC Déifferdeng 03 ënner Kontrakt.

Wolz hat jo och schonn de Nationalgolkipp Ralph Schon vun der UNA Stroossen bei sech an de Norde geholl.

Back to Top
CIM LOGO