NFL Week 8D'Broncos setze sech zu London duerch, d'Patriots stoppen d'Jets

Kevin Kayser
Donieft kommen d'Rams als Titelverdeedeger nach ëmmer net richteg un d'Lafen an de gudde Run vun den Giants gouf gestoppt.
© ELSA / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP

Am Wembley-Stadion zu London sinn zwou Ekippen openeegetraff, bei deenen et dëst Joer wierklech nach net richteg leeft. Esouwuel d’Broncos wéi och d’Jaguars hate bis ewell just zwee vun hire 7 Matcher gewonnen. Et war dann d’Ekipp aus Jacksonville, déi besser an de Match koum a sech e 7:0 am éischte Véierel erausschaffe konnt an den 10:7 an der Paus. Ma d’Broncos waren zanter dem zweete Quarter déi manner schlecht Ekipp a si konnten ëmmerhin an de leschten dräi Véierel allkéiers de Ball bis an d’Endzon bréngen. Jacksonville hat kuerz viru Schluss nach d’Chance, fir a Féierung ze kommen, ma eng Interception 7 Sekonne viru Schluss huet d’Victoire fir Denver ofgeséchert a wuel domadder och hirem Trainer d’Aarbechtsplaz emol virleefeg geséchert.

Bis ewell hunn d’Jets géint hiren Divisional Rival Patriots reegelméisseg de Kierzere gezunn. Bei dëser Partie huet d’Ekipp aus New York gehofft, dëst ze dréinen, well ëmmerhin hate si fënnef vun hire siwe Matcher gewonnen an d’Patriots just dräi. An an der éischter Hallschent ware si esouguer laang am Avantage. Kuerz virun der Paus huet New York e Pick Six gefeiert, dat no engem 84 Yard-Laf vum Carter. Dëse gouf awer zeréckgeholl, well de Franklin-Myers de Quarterback no deem senger Pass nach ëmgeraumt huet. Esou ass et net mat engem 17:3, mä “just” mat engem 10:6 fir d’Jets an d’Paus gaangen. An dee kuerze Réckstand konnt d’Ekipp ëm de Mac Jones am drëtte Véierel komplett dréinen, dat mat 13:0 an dëse 15 Minutten. Sou waren d’Patriots 19:10 am Avantage a konnten et nach op 22:10 eropschrauwen. De leschten Touchdown vun den Jets kuerz viru Schluss huet hinnen dunn och näischt méi bruecht.

Fir den aktuelle Super-Bowl-Champion leeft et wierklech nach net gutt. Alt nees gouf et fir si eng Néierlag, dat en plus an engem kaliforneschen Duell géint d’49ers. Dobäi hat et fir d’Rams gutt ugefaangen a si ware mat 7:0 am Avantage am éischte Véierel an och an der Paus ware si nach 14:10 vir. Ma nom Téi ass offensiv einfach guer näischt méi bei der Ekipp ëm de Stafford gelaf, déi keng Punkte méi op d’Board bruecht huet. D'49ers dogéint hunn der nach 21 gemaach a wannen duerch eng staark zweet Hallschent zum Schluss kloer mat 31:14. Opfälleg bei hinnen ass d’Statistik vum Garoppolo, deen 21 vu senge 25 Päss un de Mann bruecht huet, dat fir 235 Yards an een Touchdown. Ma och den neie Runningback McCaffrey war scho gutt am Match an net just, well hie selwer fir een Touchdown iwwer 34 Yards gepasst huet.

Mat 6 Victoiren an enger Néierlag hunn d’Giants bis ewell zu de groussen Iwwerraschunge gehéiert. E Sonndeg si si bei d’Seahawks gereest, déi bis ewell och net déi schlechtst Saison gespillt hunn. Et war laang en ausgeglachene Match tëscht béiden Ekippen, 0:0 no 15 Minutten, 7:10 no 30 an 10:13 no 45. Ma grad am leschte Véierel huet d’Heemekipp opgedréint a ganzer 14 Punkte gemaach an dogéint just 3 zougelooss. Esou gewënnt Seattle duerch gutt Schlussminutten dëse Match mat 27 op 13.

Bleift nach z’erwänen, datt och d’Steelers d’Eagles net konnte stoppen an d’Ekipp aus Philadelphia no der 35:13-Victoire all hir siwe Matcher dëst Saison gewanne konnt.

D’Resultater am Iwwerbléck

Baltimore Ravens - Tampa Bay Buccaneers 27:22
Denver Broncos - Jacksonville Jaguars 21:17
Carolina Panthers - Atlanta Falcons 34:37
Chicago Bears - Dallas Cowboys 29:49
Miami Dolphins - Detroit Lions 31:27
Arizona Cardinals - Minnesota Vikings 26:34

Las Vegas Raiders - New Orleans Saints 0:24
New England Patriots - New York Jets 22:17
Pittsburgh Steelers - Philadelphia Eagles 13:35
Tennessee Titans - Houston Texans 17:10
Washington Commanders - Indianapolis Colts 17:16
San Francisco 49ers - Los Angeles Rams 31:14
New York Giants - Seattle Seahawks 13:27
Green Bay Packers - Buffalo Bills 17:27
Cincinnati Bengals - Cleveland Browns 13:32

Back to Top
CIM LOGO