
RTL-Informatiounen no ass dës Spär op eng Decisioun vum Conseil de discipline contre le dopage zeréckzeféieren.
D’Sprangreiderin soll wärend engem Joer Feeler beim Ausfëlle vum sougenannten ADAMS-System vun der Welt-Anti-Dopping-Agence gemaach hunn. An deem System mussen d’Sportler uginn, wou si zu enger gewëssener Zäit sinn. Wann ee Sportler 3 Verfeelunge bannent engem Joer huet, kann hien, respektiv gëtt hie gespaart.
Eisen Informatiounen no soll d’Charlotte Bettendorf am Januar a Februar den ADAMS-System falsch ausgefëllt hunn an am Mee war d’Reiderin bei engem “Contrôle Inopiné” net present.
D’Urteel ass awer nach net definitiv, well d’Charlotte Bettendorf nach an Appell soll gaange sinn. Ass dat de Fall, dann ass et elo um Conseil supérieur de discipline contre le dopage, fir an dësem Fall ze tranchéieren.
