Mental Gesondheet am Sport"D'Deprimm no Néierlagen oder schwierege Phasen ass dacks net wäit fort"

RTL Lëtzebuerg
D'lescht Woch hat déi franséisch Ambassade zu Lëtzebuerg eng Pressekonferenz zum Thema mental Gesondheet am Héichleeschtungssport organiséiert.
Mental Gesondheet am Sport
“D’Deprimm no Néierlagen oder schwierege Phasen ass dacks net wäit fort”, sou eng Ausso vum Mandy Minella.

Op der Uni Lëtzebuerg war virun allem Rieds iwwert den Drock, deen d’Sportler hautzedaags hunn a wéi si domat ëmginn. An dofir waren och ganz prominent Gäscht agelueden.

Mat ënner anerem dem Mandy Minella, dem Alwin de Prins, awer och dem Henri Leconte, hu fréier Spëtzesportler iwwert hir Erfarung mat Drock an déi mental Gesondheet geschwat. Dës Charakterstäerkt gëtt dacks bei Néierlagen op d’Prouf gestallt. Esou war et och beim fréiere franséischen Tennisspiller Henri Leconte, deen 1988 an der Finall vu Roland Garros géint de Mats Wilander de Kierzere gezunn hat.

Déi mental Gesondheet war fréier éischter een Tabuthema. Hautzedaags gehéiert dat awer genau esou zum Wuelbefanne vun all Mënsch wéi e gesonde Kierper. Wichteg ass, datt een driwwer schwätzt an, datt ee sech traut, bei Bedarf Hëllef ze sichen. Och wann hautzedaags nach verschidden nei Komponenten dobäikommen.”, esou den Henri Leconte.

Als Sportler soll ee weder sengem Géigner nach de Spectateuren no bausse Schwächt weisen. D’Deprimm no Néierlagen oder schwierege Phasen ass awer dacks net wäit fort. Och bei de Lëtzebuerger Athleten.”, erkläert déi fréier Tennisspillerin Mandy Minella.

Als fréiere Schwëmmer an elo Direkter vum LIPHS, dem Luxembourg Institue for High Performance in Sports, kennt den Alwin de Prins d’Situatioun hei am Grand-Duché. Par rapport zu virun e puer Joer kann de Lëtzebuerger Sportler hautzedaags op aner Strukturen zeréckgräifen. Zesumme mat Experten aus verschiddene Beräicher, wéi der Préparatioun physique oder nuitritioun, gëtt probéiert, d’Athlete beschtméiglech ze encadréieren. De Kontakt ass also permanent do.

D’mental Gesondheet soll net vernoléissegt ginn, dat huet dës Konferenz op en Neits ënnerstrach. A schwierege Phase soll een driwwer schwätzen. Och wann ee sech dat als éischt selwer muss agestoen.”, betount den Alwin de Prins.

Back to Top
CIM LOGO