
“Merci u jiddereen, ech wäert net opginn”, huet den 29 Joer ale Sportler iwwer säi Manager aus dem Spidol wësse gedoen. “Ech fille mech elo besser, awer ech wëll verstoen, wat geschitt ass.”
De Mëttelfeldspiller vun Inter Mailand war e Samschdeg an der Virronn géint Finnland zesummegaangen an huet missen um Terrain reaniméiert ginn. De Grond fir dem Eriksen säi Kollaps ass nach net gekläert.
D’Uefa huet vun engem “stabillen” Zoustand vum Familljepapp geschwat. “Momenter wéi dës réckelen alles am Liewen an dat richtegt Liicht”, huet den Uefa-President Aleksander Ceferin gesot.
