SportsministerDe Congé sportif gëtt reforméiert

RTL Lëtzebuerg
Sportler, déi un europäesche Kompetitiounen deelhuelen, awer och hir Begleeder kënnen an Zukunft vum Congé sportif profitéieren.
De Congé sportif gëtt reforméiert
Sportler, déi un europäesche Kompetitiounen deelhuelen, awer och hir Begleeder kënnen an Zukunft vum Congé sportif profitéieren.

Den Dan Kersch hat e Mëttwoch op seng leschte Pressekonferenz, wéi hie selwer sot, als Sportminister invitéiert. Theme waren d’Satellitten-Konnten, de Vëlodrome, de Sport-Musée an och d’Reform vum Congé Sportif.

Déi Reform vum Congé Sportif wier eng positiv, sot den Dan Kersch. D’Sportler, déi elo schonns vun deem Congé profitéieren, behalen deen och. Dobäi kënnt awer, datt elo och Sportler, déi zum Beispill an enger europäescher Club-Kompetitioun untrieden, och vun deem Congé Sportif kënne profitéieren.

Sportler, déi sech fir eng europäesch Kompetitioun qualifizéieren, notamment am Mannschaftssport, awer net nëmmen, konnte bis elo kee Congé Sportif kréien. Wann dat neit Gesetz a Kraaft trëtt, kënne si 12 Deeg kréien.

Awer net nëmmen d’Sportler selwer kënne vun deem Congé Sportif profitéieren.

6 Deeg si virgesi fir Leit, déi Accompagnateur si bei enger Ekipp, déi bei enger entweder auslännescher Kompetitioun oder bei engem Stage vun enger Ekipp, déi sech net fir eng europäesch Kompetitioun qualifizéiert huet.

Och dat gëllt net nëmme fir Ekippesportaarten.

Do dernieft kënnen an Zukunft och Benevollen, déi a Veräiner aktiv sinn, vum Congé Sportif profitéieren, genee wéi Persounen, déi sech fir eng Formatioun vun der ENEPS aschreiwen.

De Vëlodrome, deen zu Munneref gebaut gëtt, soll zu 70 Prozent vum Staat finanzéiert ginn an zu 30 Prozent vun der Gemeng Munneref. Elo iwwerhëlt de Staat d’Finanzement zu 100 Prozent.

Wa mir schonns 70 Prozent vun enger Infrastruktur bezuelen, dann ass et villäicht besser, 100 Prozent ze bezuelen an dann och Proprietär ze sinn an dann och selwer decidéieren, wat an där Infrastruktur geschitt.

55 Milliounen ouni TVA soll de Vëlodrome mat enger 250 Meter laanger Holzpist kaschten. Fir bei den Infrastrukturen ze bleiwen. De Sportminister huet annoncéiert, datt de Sport-Musée definitiv op Esch kënnt.

Den Dan Kersch huet och nach gesot, datt duerch de Sport am Joer 2020 683 Milliounen ëmgesat goufen. Dat mécht 1,1 Prozent vum PIB aus. Ronn 4.400 Leit hunn duerch de Sport eng Aarbecht bei eis am Land.

Back to Top
CIM LOGO