
U wie gëtt awer nach net e Freideg decidéiert, do gëtt just den CA gewielt, erkläert den aktuelle Vize-President Gerry Schintgen, dee wuel de Favorit ass, fir nächste President ze ginn.
“D’Generalversammlung wielt net de President, mä de Conseil. Ech wäert mech opsetzen, fir nees gewielt ze ginn. Déi aner Woch no der Assemblé Générale wäerte mir eis dann nees zesummesetzen a kucken, wéi et virugeet an et kann da gutt sinn, datt de “Vize” gestrach gëtt, mä als éischt hänkt et awer mol dovun of, wat lo e Freideg a Punkto Conseil d’Administration geschitt.”