Hie war domadder deen éischte vun den 32 ugekënnegten Staatscheffen, déi fir d‘Ëreffnungszeremonie an déi chineesesch Haaptstad reesen.
D‘olympesch Wanterspiller fänken dëse Freiden un an daueren bis den 20. Februar. De Grand-Duc Henri, deen immens sportbegeeschtert ass, war schonn dacks op Besuch a China. A war och bei der Erëffnungszeremonie vun den olympeschen Summerspiller am Joer 2008 zu Peking dobäi.