Déi zweet Finall war nach net déi decisiv, well d’Entscheedung ëm de Championstitel gouf reportéiert - och wann et laang net duerno ausgesinn hat.
Nodeems den T71 Diddeleng de leschte Weekend déi éischt Finall doheem mat 66:53 gewonnen hat, gouf et e Mëttwoch den Owend eng Victoire vum Gréngewald: 64:59 géint den T71.
D’Partie hat ausgeglach ugefaangen, eng knapp 2-Punkten-Avance war et fir Diddeleng nom 1. Véierel (23:21), ma am zweeten hunn d’Damme vum Gréngewald net ëmmer den direkten Ofschloss gesicht a sinn da méi wéi eng Kéier guer net méi richteg derzou komm, esou datt den T71 do eng kleng Avance erausspille konnt: 18:14.
Beim Stand vu 35:41 aus Siicht vum Gréngewald goung et also an d’Paus, eng Virentscheedung war dat net ...
... an no 23 Minutte stoung et 41:41, well de Gréngewald huet no der Paus méi sec verdeedegt an den T71 net méi getraff.
Ma du konnt den T71, ënnert anerem duerch en Dräier vum Catherine Mreches, sech nees e bësse Loft verschafen: 48:41.
Vill Punkte gouf et am drëtte Véierel net, um Enn hat Diddeleng awer ee méi wéi de Gréngewald: 11:10. Am Total eng kleng Avance vu 7 Punkten.
De Gréngewald huet dann och nach net opginn a war no engem 9:3 am Ufank vum leschte Véierel nees drun: 55:57. Also nees alles op ... 3:21 waren deen Ament nach ze spillen. A genee zwou Minutte viru Schluss stoung et 57:57 ... an du konnt de Gréngewald eng éischte Kéier virkommen: 60:59 ... nach eng hallef Minutt ze spillen an de Gréngewald a Ballbesëtz ... an trëfft: 62:59 ... den Dräierversuch vun Diddeleng geet laanscht an de Gréngewald kann nach duerch zwee Fräiwërf punkten an domat mat 64 op 59 gewannen.
An der Course ëm de Championstitel steet et elo 1:1, déi entscheedend drëtt Partie ass e Freideg den Owend um 20 Auer.