Enn vun enger ÄraDe Jürgen Klopp verléisst den FC Liverpool um Enn vun der Saison

RTL Lëtzebuerg
No 9 Joer zitt den den däitschen Trainer e Stréch ënnert seng Zäit un der Anfield Road.
© GRAHAM HUNT / ProSportsImages / DPPI via AFP

An engem Interview, deen den FC Liverpool op X gedeelt huet, erkläert de Jürgen Klopp, dass hien dobäi wier, d’Energie ze verléieren, déi néideg wier, fir den Trainerposte bei Liverpool ze besetzen.

Hien hat fir d’Saison 2015/2016 den Trainerposte bei de Reds iwwerholl. 2019 huet hie mat Liverpool d’Champions League gewonnen. An der Saison drop ass hien an der englescher Premier League Champion ginn an 2022 konnt hie mat senger Ekipp den FA Cup gewannen.

No 21 Spilldeeg steet den LFC an der aktueller Premier-League-Saison op der éischter Plaz mat 48 Punkten, 5 viru Manchester City.

E Freideg am Nomëtteg huet sech de Jürgen Klopp op enger Pressekonferenz nach emol zu senger Decisioun geäussert. Hei huet hien en Enn vu senger Karriär als Trainer ausdrécklech net ausgeschloss. “Wat och ëmmer an Zukunft geschitt, weess ech elo nach net”, sou de 56 Joer alen Däitschen. Sécher wier just, datt hien ee Joer laang keen Trainerjob am Futtball unhuele wäert.

Back to Top
CIM LOGO