
Dat huet den Ex-Club vum däitschen Nationalspiller e Freideg den Owend offiziell matgedeelt. Iwwer 10 Joer huet de Kai Havertz bei Bayer Leverkusen gespillt, vun der nächster Saison u leeft hien dann am Trikot vun de Blues an der englescher Premier League op.
Divers Medie mellen, datt de Club vum Trainer an der Club-Legend Frank Lampard sech d’Déngschter vun der däitscher Pépite nawell vill kaschte gelooss huet: ronn 100 Milliounen Euro soll Chelsea Bayer Leverkusen iwwerwisen hunn. Domat wier de Kai Havertz den deiersten däitsche Spiller an der Geschicht. Hien huet e Kontrakt iwwer 5 Joer op der Stamford Bridge ënnerschriwwen.
Den FC Chelsea hat virun e puer Woche mam Timo Werner schonns en aneren däitschen Nationalspiller rekrutéiert.