FuttballDe Lars Gerson spillt an der neier Saison bei Brann Bergen an Norwegen

RTL Lëtzebuerg
Den Intermezzo vum Lëtzebuerger Nationalspiller beim Racing Santander aus der 3. spuenescher Liga war deemno just vu kuerzer Dauer.
© RTL-Archiv

Den 31 Joer alen Zentralverteideger vun de Roude Léiwen huet beim Veräin aus der ieweschter Divisioun an Norwegen e Kontrakt vun engem Joer mat enger Optioun op eng weider Saison ënnerschriwwen. De Gerson, deen eng norwegesch Mamm huet, hat, bis elo déi lescht 6 Méint, seng ganz Karriär, an Schweden an a Norwegen gespillt.

An Norwegen huet déi nei Saison schonn ugefaangen. Brann steet no 4 Spilldeeg, mat 4 Defaiten, op der leschter Plaz an der Tabell.

Back to Top
CIM LOGO