Klamm-Federatioun FLERA Leschte Sonndeg war an der Coque dat nationaalt Championnat am Klammen

Yannick Gross
Dräi Kategorien hat d'Lëtzebuerger Klamm-Federatioun FLERA op d’Bee gestallt, an déi d’Athleten hirem Alter no agedeelt goufen. Am Vierdergrond stoung awer net nëmmen d’Kompetitioun.
Leschte Sonndeg war an der Coque dat nationaalt Championnat am Klammen
Dräi Kategorien hat d’Lëtzebuerger Klamm-Federatioun FLERA op d’Bee gestallt, an déi d’Athleten hirem Alter no agedeelt goufen.
PDF Schreiwes Klammfederatioun Flera iwwer Championnat

De ganzen Dag sinn d’Athleten an der Coque geklommen, fir sech eng vun den éischte Plazen an de verschiddenen Kategorien am nationale Championnat ze sécheren. Virun allem mat dobäi waren Athleten aus dem Grand-Duché an awer ginn och Sportler aus dem Ausland invitéiert. Fir d’FLERA ass den Opwand, fir dëst Evenement op dësem Niveau ze organiséieren, dobäi ee groussen.

Jacques Welter (President vun der FLERA):

“Mir invitéieren do d’Leit aus der Groussregioun. Et huet elo schonn e puer Mol an der Coque stattfonnt a mir probéieren ëmmer déi bescht Plaz ze fannen, wou mir dat veranstalten. Et ass e groussen Opwand fir alleguer d’Benevollen an d’Leit, déi an der Organisatioun mathëllefen.”

Zwar gouf dësen nationale Championnat dobannen an der Coque organiséiert an awer huet de Klammsport vill verschidde Facetten. Lassgaangen ass et mat dëser spezieller Sportaart scho viru méi wéi 70 Joer, deemools awer nach op enger anerer Plaz.

“Et ass am Fong och eng Saach, déi och am Fiels stattfënnt. Zanter 75 Joer gëtt hei zu Lëtzebuerg am Fiels geklommen an och 35 Joer elo a Kompetitiounen am Indoorberäich. A mir hunn och ëmmer erëm Athleten, déi international ënnerwee sinn.”

An eent dovunner ass d’Lola Slavazza, dat sech dëst Joer awer och am nationale Championnat an der Kategorie Senior Femmes déi éischt Plaz séchere konnt. Fir déi jonk Lëtzebuerger Sportlerin ass et virun allem wichteg, Spaass ze hunn an ëmmer alles ze ginn.

Lola Slavazza (War och schonn op internationalen Tournoien ënnerwee):

“Wat ech wierklech cool am Klamme fannen ass, wéi ee sech selwer expresséiere kann. Op der Mauer, datt ee sech do weise kann, säi Bescht ka ginn an datt ee richteg gutt kämpfe kann. Ech wollt mir zumools keng Pressioun maachen a Spaass hunn. Ech wosst, dass ech den Niveau hätt an alles, wat ech maache misst, war gutt ze klammen a mäi Bescht ze ginn.”

Bei Kompetitiounen, wéi där hei, mussen d’Athleten ëmmer alleguerten déi nämmlecht Voie klammen, do kënnt et dann natierlech trotzdeem och op eng gutt Technik an déi néideg Ausdauer un.

“Hei an der Voie war sou ee grousse Move dran, een Jump. Dat ass eppes, wat ech richteg gäre maachen. Soss war et zimmlech vill d’Kraaft a sech gutt unhalen. Um Enn war ech mega midd, ech si bal gefall mat de klenge Grëffer do.”

D’Lola ass um Enn ganz uewen ukomm, dat mam Support vun den aneren Athleten. Genau déi géigesäiteg Ënnerstëtzung ass och ee groussen Deel vum Klammsport an et weist, datt dëse Sport net nëmmen immens kompetitiv ass, mee och immens fair ass.

Back to Top
CIM LOGO