World Athletics U20 ChampionshipsDe Lëtzebuerger Vivien Henz gëtt 7. an der Finall iwwer 1500 Meter

RTL Lëtzebuerg
An der 1500-Meter-Finall am kolumbianesche Cali kënnt de Vivien Henz op eng gutt 7. Plaz.

D’Goldmedail geet iwwerdeems un de Kenianer Reynold Kipkorir Cheruiyot, dee gutt 1,5 Sekonne méi séier wéi den Zweetplacéierten Ermias Girma aus Ethiopien war. Op der drëtter Plaz ass de Kenianer Daniel Kimaiyo iwwert de wäisse Stréch gelaf.

De Vivien Henz gëtt domadder de 7. vun 41 Participanten.

Back to Top
CIM LOGO