FLF-Nationaltrainer virum Georgien-MatchDe Luc Holtz huet "e Plang"

RTL Lëtzebuerg
A manner wéi 24 Stonnen ass den Highlight vum Lëtzebuerger Futtball iwwerhaapt.
De Luc Holtz am RTL-Interview
En Donneschdeg den Owend war zu Tiflis den Ofschlosstraining an och d’Pressekonferenz virum Match.

Zu Tiflis spillen d’Rout Léiwen en Donneschdeg um 18 Auer Lëtzebuerger Zäit géint Georgien d’Halleffinall vum Playoff. D’Gefill schéngt bei Trainer a Spiller bis elo ganz positiv ze sinn.

De Luc Holtz huet “e Plang” / Reportage Serge Olmo

Op der Pressekonferenz e Mëttwoch am Nomëtteg huet de Luc Holtz matgedeelt, datt de Lars Gerson zwar eng liicht Entzündung un der Achillesseen huet, mä hien awer spille kéint.

De Lëtzebuerger Futtballnationaltrainer ass scho mat engem Plang op Tiflis geflunn. Bis kuerz no der Pressekonferenz hätt sech un dësem näischt geännert, sou de Luc Holtz am RTL-Interview.

Nieft dem Nationaltrainer huet och den 19 Joer alen Yvandro Borges, deen neierdéngs an Holland Profi ass, un der Pressekonferenz deelgeholl. Déi ronn 55.000 Spectateure géingen hien en Donneschdeg net nervös maachen, well hien esou Kulissen aus der Bundesliga scho géing kennen. Vill méi wier et de Fakt, ze wëssen ëm wat geet, wat eng gewëssen Nervositéit géing ausléisen.

De Match vun de Roude Léiwe géint Georgien kënnt Dir en Donneschdeg vu 17.30 Auer u live op RTL suivéieren.

Andréck vun der Pressekonferenz an dem Ofschlosstraining

Back to Top
CIM LOGO