BGL LigueDe Match tëscht Stroossen an Nidderkuer ass ausverkaaft

RTL Lëtzebuerg
Um Samschdeg ass et d'Nouvelle vu Stroossen, datt d'Ticketen all verkaaft sinn, a soumat just déi Leit, déi een Ticket hunn, op de Site gelooss ginn.

Um Sonndeg kënnt et zu Stroossen zum Match tëscht den Haushären an Nidderkuer. De Lokalveräin deelt mat, dass d’Tickete fir e Sonndeg all verkaaft goufen. Duerch déi sanitär Mesuren gi just déi Leit op de Site gelooss, déi a Besëtz vun engem Entréesbilljee sinn.

D’Schreiwes vum Veräin:

Den FC UNA léisst matdeelen datt de Match an der BGL Ligue tëscht dem FC UNA Stroossen an dem Progrès Nidderkuer de Sonndeg den Owend ausverkaaft ass. Bedéngt duerch déi sanitär Moossnamen sinn d’Plaze limitéiert an all d’Tickete si verkaaft. Et mécht also kee Sënn, datt sech nach weider Spectateure op Stroossen deplacéieren, well déi Läit kënnen net an de Stadion ragelooss ginn. Den FC UNA biet ëm äert Versteesdemech fir des speziell Situatioun.

Back to Top
CIM LOGO