FuttballDe Maurice Deville wiesselt vu Mannheim bei den 1. FC Saarbrécken

RTL Lëtzebuerg
Wéi de Veräin aus dem Saarland matdeelt, huet de Lëtzebuerger Nationalspiller e Kontrakt fir 2 Joer bei de Schwaarz-Bloen ënnerschriwwen.
© RTL-Archiv

De Maurice Deville wiesselt de Veräin - Rep. Franky Hippert

De Maurice Deville ass keen Onbekannten zu Saarbrécken. Hien huet a jonke Joren schonn emol fir den FCS gespillt, méi genee an der Saison 2013. Via Alemannia Aachen, goung de Wee iwwert den 1. FC Kaiserslautern, FSV Frankfurt bis bei den SV Waldhof Mannheim. Mat Waldhof Mannheim ass hien och an déi 3. däitsch Liga opgestigen. E war an 96 Matcher fir Mannheim direkt un 38 Goler bedeelegt. De Kontrakt vum Deville bei Mannheim war den 30. Juni ausgelaf.

Saarbrécken huet mat 55 Punkten d’Regionalliga Südwest an der Saison 2019/2020 dominéiert a steigt op an déi 3. Liga. Si waren och sensationell an d’Halleffinall vum DFB-Pokal komm, wou se allerdéngs mat 0:3 géint Bayer 04 Leverkusen verluer hunn.

Zu Mannheim war de Lëtzebuerger Nationalspiller zum Stammspiller avancéiert, an dach geet et elo bei e Konkurrent.

Dat huet virun allem domat ze dinn, datt déi lescht Wochen bei Waldhof Mannheim op sport-administrativem Plang relativ chaotesch waren.

Maurice Deville: Jiddwereen krut mat, wat zu Mannheim lass ass. Den Trainer ass fort, vill Spiller si fort. Wollten eigentlech net fort, sinn awer lo fort, mä bon et geet elo weider. Ech hunn dofir och elo decidéiert de Veräin ze wiesselen, well d’Wäertschätzung vun de Responsabelen zu Mannheim net esou do war. Ech hu lo 4 Wochen näischt méi vun hinnen héiere gehat. Saarbrécken huet mech jo och kannt, do ass déi Ufro komm. Da beschäftegt ee sech domat. Et ass och méi no u Lëtzebuerg, da kann ech och nees meng Famill méi gesinn. Et waren och nach Ufroen do aus dem Osten vun Halle a Magdeburg, Ech wëll awer lo hei weisen, wat ech drop hunn.

Méi iwwert d’Ambitiounen vum 41-fachen FLF-Nationalspiller mat sengem neie Club, en Dënschdeg den Owend an eisem Journal.

PDF: Pressecommuniqué

Back to Top
CIM LOGO