US Basket Racing LëtzebuergDe Philip Dejworek ersetzt den Anton Mirolybov als Headcoach

RTL Lëtzebuerg
Den US Basket Racing Lëtzebuerg huet en neien Trainer fir d'Härenequipe, dat a Persoun vum 40 Joer ale Philip Dejworek.

Aus dem Basket war et e Méindeg d’Nouvelle, dass de Racing sech um Enn vun der Saison vu sengem Trainer Anton Mirolybov trennt. De Racing hat et dës Saison fäerdeg bruecht, sech fir den Titel-Play Off ze qualifizéieren.

Elo huet de Racing en neien Trainer annoncéiert. Et handelt sech ëm den däitschen Philip Dejworek, deen international scho vill Erfarung huet. Hien huet ënner anerem bei folgende Veräiner gespillt:

Mitteldeutscher BC (Weissenfels, Däitschland),
Baerums Verk Jets (Oslo, Norwegen)
Vilpas Vikings (Salo, Finnland)

No senger aktiver Karriär als Spiller war hien och schonn op verschiddenen Destinatiounen als Trainer engagéiert, dat ënner anerem zu Salon Vilpas (Finnland), Bakken Bears (Dänemark) a WBC Wels (Éisträich). Vun 2015 bis 2017 war hien Headcoach vum T71 Diddeleng an huet 2016 och d’Coupe gewonnen. Rezent huet hie fir d’Lëtzebuerger Basket-Federatioun am Jugendberäich geschafft.

Assistéiert gëtt den Dejworek vum Pit Rodenbourg.

Back to Top
CIM LOGO